De Comité vum LSI wënscht senge Memberen an alleguer alles Guddes fir d'Summersemester 2024! Skisaison neigt sech sou lues awer secher dem Enn zou an d'Temperaturen klammen vun Woch zu Woch no uewen. D'Summerseason ass gleich lanceiert an domat ginn mir Iech RDV op eisen kommenden Eventer an eisen traditionellen Stammdësch, emmer Donnechdes ab 20:00 am Dinzler. Opgepasst den 18. an 25. Abrëll ass keen Stammdësch. Hüttenzauber: Freides, den 5. Abrëll am Melusina Student fir 1 Dag:...
Innsbruck befënnt sech am Weste vun Eisterräich am Dall vun zwou Gebiergsketten. Als Haaptstad vun Tirol gëtt Innsbruck nërdlech vun der Nordketten, der südlechster Kette vum Karwendel, gekréint an am Süde leien d’Zentralkette vun den Alpen mam Patscherkofel, dem Hausberg, der Stad zu Féiss. Duerch den Dall, dem Inntal, fléisst, wei den Numm et scho seet, de Floss Inn. Mat ronn 150.000 Awunner, wouvunner em di 30.000 Studente sinn, ass Innsbruck di meescht bewunnte Stad an Tirol.