Salut Member,
wei et schons zur Traditioun gin ass, fiert den LSI dest Joer och rem op den
Gardasei. An zwar ass daat ganzt den weekend vun christi himmelfahrt, waat dest
joer op den 17. mee fällt. Daat heescht mir geingen Donneschdes den 17. hei
fortfueren an den 20., Sonndes, rem zreck op Innsbruck. Mir fueren mat
Privatautoen dorower, daat heescht em den Transport misst een sech selwer
kemmeren oder einfach mol hei nach eng Keier nofroen, dann kreien mer daat och
geregelt, dorun soll et net scheiteren!
Waat leeft do an wou gin mer hin?
Majo mir gin op den Camping Cisano, direkt bei Bardolino, hei den Link, dann
kanns de der den Camping schon mol am Viraus ukucken (
www.camping-cisano.it ).
Den Club iwwerhellt d´Käschten fier d´Stellplaatzen, d´Iwwernuechtung kascht 8
? pro Nues. Den Camping leit direkt beim Sei, sou datt een mettes sech den
Bauch an der Sonn kann verbrennen an dann kurz an den Sei kann sprangen fier
datt et net zevill wei deet. Wann daat engem naicht seet, kann een och bis op
garda (5,5 km), bardolino (direkt em den eck) oder Lazise (3 km) an d´Staat
goen Owes kennt dann e gudd Steck Fleesch (oder och soss eppes) op de Grill an
dono an den verbrannten bauch. Den Club organiseiert een Owend mat
Grillgeschiir, Gedrenks asw...
Sou, lo ass et un dir, DU muss dech elo just nach umellen, an schons
bass du dobai! Duerfier mell dech sou seier wei meiglech hei ennert deser
Mail-Adress :
Max.Raths@student.uibk.ac.at oder um 0650 77 211 63 oder bei engem
Comitard vun dengem
Vertrauen!