Salut dier Leit,

 

Et waar roueg an der lescht, mee mier haaten lo eng Versammlung wou mer een regelrechten Organisatiounsufall kruuten, dofir starten ech lo mol direkt an faassen mech sou kuerz wéi méiglech:

 

Als Géigenveranstaltung zum Männerfussballowend fënnt elo all Mëttwoch um 20h30 beim Oriane, Simone an Nathalie (Schubertstrasse 9) een Fraenowend statt. Falls der Loscht hutt bei engem gemittlechen Glieschen, z.B. d’Evenementer vun der leschter Woch ze beschwätzen dann meld iech beim Oriane (06506303853) oder beim Simone (06508420510). Männer déi keen Fussballspillen gin sin nach laang keng Fraen -> Girls only!

 

En Donnerschden dann, den 21. Abrëll, verkaafen mer nach eng Kéier T-shirts vum LSI. Mir sëtzen vun 3 Auer nomëttes bis 6 Auer un an der Treibhausbar um Rez-de-chaussée. Wien sech sou een T-shirt kaafen well, oder einfach sou e bessen Loscht huet ze poteren kann einfach bis laangscht kommen. Preis vun den T-shirten 15 Euro.

 

En Samsden, 23.Abrëll léid den Spunni dann zu engem Pétanque-Turnéier. Mir treffen eis hannert der USI, fier genee Auerzait an weider Infoen meld iech ennert spunni07@hotmail.com

 

Den Weekend vun Pengschten kënnt dann eis schweizert Géigenstëck, d’Lëtzebuerger Studenten vun Zürich op Innsbruck. Nierwent den kulturellen Veranstaltungen mussen mer daat natiirlech och mat enger Party feieren. (Freides den 13. Mai am Riffifi)

 

Vum 26. bis den 29. Mee fueren mer mam Club op de Gardaséi. Wéi all Joër campéiren mer um Bavaria-Camping no bei Riva del Garda. Maximal 50 Leit huelen mer mat, also meld iech sou séier wéi méiglech un beim michel.wampach@uibk.ac.at. Zelter an Urees muss der wéi all Joër selwer organiséiren. Ech schloen fier dier benotzt den Forum fier aer Fahrgemeinschaften an Schloofgeleenheeten ze organiséiren. Um Camping ass keng Plaaz fier 50 Autoen, dofiir kuckt op mannst zu 3 an all Auto ze sin.

 

Fier eis och zu Innsbruck en finanziellt Standbeen ze schaafen, hun mer welles och hei een gréisseren Baal ze organiséiren. Deen ass lo mol fakutlatif op den 10. Juni festgesaat gin. Mier zielen op aer Mataarbecht waat Paapen, Flyeren an iwwerhaapt gudd Iddien ugeet. Méi Infoen waert der am nächsten Bréif kréien.

 

Vun e puer Memberen hun ech ze héiren kritt, daat vill Lëtzebuerger op Festivalen wéi Rock im Park oder Southside fueren. Am Forum steet iech lo eng Iwwerschreft zur Verfügung fier iech enventuell ennerteneen ze organiséiren. Et sin villaicht Leit derbai déi schon gaer géifen goen mee nach keng Matfuergeleegenheet hun etc.

 

Ech mengen et misst fier all Gout eppes derbai sin, also zëck net an mell dech sou séier wéi méiglech wanns de irgendwou Interessi hues.

 

 

 

Fiir de Comité

 

Frank