LSI - Newsletter - 21 Oktober 2005
Mir wënschen all eis ‚Sprößlinge’ herzlëch wellkomm. Dir kennt iech op en eischt flott Joer hei zu Innsbruck fréen. Dir wesst jo, dem Student seng 3 gëllen Regelen sin: Uni, Party, an Party!
Dofir inviteieren mir all eis Memberen an Future-Membren op eis Welcome-Party den nächsten Donneschten, den 27. am Sohu (Ex-Prosecceria) um 20.00 Auer. Fir déi, déi hei nach nët sou kennëg sin, dat ass vis-à-vis vun der Sowi an der Universitätsstrasse. Kommt zu vill an léiert iech kennen! Do erwarden iech:
- En gudden Pättschen
Fir kaalen Béier (an mei) ass gesuecht. Opgepasst: Dat éischt Fas Fräibéier ward lo schon drop geschluecht ze gin!
- Memberskaarten
Dat erlabt iech bei all onsen Aktivitéiten matzeman. Fir der puer ze erwähnen, Gratis-Entrée op eisen Partyen hei zu Innsbruck an zu Lëtzebuerg, Sports-Aktivitéiten, Newsletter. Dat ganzt fir nëmmen 10€ am Joer. Mir droen iech glaichzaiteg an eis Lescht an fir d’ass dir ëmmer informéiert sidd. Also kaaft iech eng Memberskaart an dir sidd iwwerall dobai!
- Exklusiv LSI T-shirten
Sidd stolz Innsbrucker an weisst dest mat ärem LSI T-sirt, natirlech am Girls- oder Boys-Schnëtt. Eng Foto dovun fannt dir op eisem Internet-Site ennert LSI-Goodies. Déi kënnt der en Donneschten am Sohu fir 15€ kaafen.
- Daaf-Comitée
D’Traditioun geet weider! D’Ideen fir dei nächst Daaf sollen vun deenen kommen, déi d’lescht Joer gedeeft goufen. Iwwerleet iech wat fir Spiller an Aktivitéiten op der nächster Daaf „in“ sollen sin. Mellt iech also an groussen Zuelen beim Mike Molling ennert dem 0650/7417573, an losst ärer Kreativitéit fraien Laaf.
D’Daaf waert Ufang Dezember stattfannen. Awer keng Angscht, se waert nët op den Air & Style faalen. Mee doriwwer informéieren mir iech zou engem spéideren Zaitpunkt.
Mir gesin eis en Donneschten!
Dain Comité
www.innsbruck.lu