Salut alleguer,

 

Wollten eis nach eng Kéier mellen wéinst der Generalversammlung en Sonnden Owend um 5 Auer. Déi Wahlen déi eis an d’Haus stin sin secherlech keng Saach vun Liewen an Doud, mee et leit eis ganz vill drun, daat souvill Leit ewéi meiglech den Sonnden do sin. Ergreift d’Geleegenheet matzebestëmmen wou et hin geet mam Club, sief et passiv a Form vun ärer Stëmm oder aktiv a Form vun enger Kandidatur fiir Comitésmember ze gin.

 

Mir sin mëttlerweil een groussen Club gin, deen d’nächst Joër villaischt fiir d’éischt waert 200 Memberen kréien. Et ass dofir wichteg een Comité op d’Been ze stellen deen sou repräsentativ ewéi nemmen méiglech ass. Mir wëllen nët nëmmen 50 Leit aus deenen 200 uschwätzen, mir wëllen ee Club fiir jidfereen sin. Déi Repräsentativitéit erreechen mer bestëmmt nët an deems 20 Leit den Sonnden opkraizen an hier Stëmm oofgin. Mir kréien se och nët, wann sëch nëmmen 4 oder 5 Leit mellen fiir an den Comité, dann brauch mer nämlech guer nët ze wielen.

 

Dofir zëckt net iech ze mellen. Ech kann mer viirstellen daat vill Leit Kritiken hun, daat vill Leit interressant Iddien hun oder daat et einfach Leit gin déi motivéiert sin an d’Gefill hun sie kéinten et besser maachen. Sou eng Leit brauchen mer. Mier zielen op aer Präsenz. Ab 17 Auer geet et lass!!! Am beschten dir kommt net alleguer eenzel mam Auto mä dir organiseiert iech een bessen. Et sinn keng 100 Parkplatzen do!

 

A propos, déi Leit déi pünktlech do sin gin mat Béier belount, fiir lo mol bëssen déi Dramatik aus dem Bréif ze kréien.

 

Den 24. Juni ass erem een Empfang vun der Österreichisch-Luxemburgischen Gesellschaft. Ab 18h00 um Eck vun der Leopold- an Heiliggeiststrasse gëtt et dann ee Patt fiir all Mënsch.

 

Samsdes den 9. Juli ass rem Summercup zu Gilsdreff ab 9 Auer. Dier musst allerdengs net alleguerten spillen, dier kennt eis och supporteiren. Duerno gin mer zesummen iessen an Owes treffen mer eis dann zu Aal Dikkrech. Amateuren, déi nët graad d’Féiss no hannen stoen hun an déi et faerdeg brëngen och sou fréi opzestoen, sollen sech beim Mich um 0650/8409292 oder zu Lëtzebuerg um 021 285244 ummellen.

 

 

Mat revolutionären Gréiss

 

 

Fiir de Comité

Frank