Léiw Studenten an Studentinnen,
Mir invitéiren iech ganz haerzlech ob iis desjäreg Welcomeparty, den 11.10.2006 um 21 Auer am City Club (Herzog-Otto Str., 8). Mir gingen iis freen iech do ze gesin an firun allem di vill nei Studenten enert iech, di dann och d´Méiglechkeet hun fir Member an iisem Club ze gin, dest gelt natirlech och fir all anren deen schons besi mi lang hei as an awa bis lo nach net Member as oder fir déi di et sin an nach emer bleiwen wellen. Aer Memberskaart kent dir iech Owes selwer bei iis kaafen (10€), domadden kommt dir op all iisen Partien fir naischt ran, zudem bidden mir iech eng selleg aner Aktivitéiten am Laaf vum Jaar un.
Op iisem Programm fir dest Jaar stin : - Welcomeparty am City Club
- REEL Stroosbourg
- Bowling
- Daaf
- en Dag op Ischgl/Sölden mam Bus
- Schlittfuren
- Fuesparty
- Innsbruckerbaal am Muko Muko
- Riccione Beachvolley
- Luxembourg goes naked
- Gardaséi Bardolino
- Floossfahrt
- Generalversammlung
Dest sin all di Aktivitéieten di secher geplangt sin, et wert net ausbleiwen dat sech di eng oder aner nach derbeigesellt.
W.e.g. scheckt iis aer Adressen, ganz wichteg aer E-mail, un andree.weber@chello.at fir dat mir iech iwer weider News um Laafenden halen kenen.
Mir hoffen iech also zahlreich kenen ze begréissen op iiser ischter Party am neien Studienjahr.
Den Komitee vum LSI