Salut Member!

D´Wanterpaus ass riwwer an den LSI start esou wei och d`Uni an d`Reckronn, an
d`Summersemester. Fier daat ze feieren, maachen mer eng kleng Fues-Soirée, e
bessen speit fier d`Fuesend, mee besser wei guer net. Daat ganzt fennt statt e
Samsden, jo dese Samsden schon, ab 9 Auer am Tuttogas an den Bögen. Verkleedung
ass natierlech erwenscht an den eischten Patt vum neien Semester geht dann
natierlech och op de Club.

Ausserdem hun mer geplangt fier Christi Himmelfahrt op den Gardasei ze fueren do
ze campen an einfach puer scheiner Deeg weit ewech vum Uni-Stress ze
verbrengen. Fier genau ze sin wieren daat 4 Deeg (3 Nuechten). Et wier net
schlecht wann dei Interesseiert sech lo alt scho mol bei mier oder soss engem
aus dem Comite geingen mellen, dann keinnten mer plangen weivill Plaatzen mer
reserveieren mussen etc...

Ausserdeem hun mer dann och nach eisen Innsbrucker Baal zu Letzebuerg. Deen ass
dest Joer den 4.Abrell. Hei wier et flott, wann deen een oder aaneren sech
geing bereet erklären fier do eng Hand mat un ze paacken andeems en Flyeren
verdeelt, Ticketen verkeeft oder Plakater ophänkt. All Hellef ass wellkomm an
mer wellen jo d`Bud voll kreien.

Bis dann de Samsden am Tuttogas

Gruss und Konfetti

de Comite